Wikipedia:Läschen – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Läschen

Vu Wikipedia

Dës Säit soll Iech eng Méiglechkeet gi fir d'Säiten, déi solle geläscht ginn, erëmzefannen a wann néideg driwwer ze diskutéieren, ob d'Läsche wierklech ubruecht ass.

Am Fall wou eng Säit carrement nëmmen eng Übung vun engem Ufänger ass, se Affer vu Vandalismus gouf oder de Contenu op eng aner Säit geréckelt gouf, kann all Benotzer de komplette Contenu läschen an duerch d'Schabloun:Läschen mam Grond fir d'Läschen ersetzen (z. B. {{Läschen|Gouf geréckelt}} oder {{Läschen|Vandalismus}}). Doduerch gëtt den Artikel automatesch an d'Kategorie:Läschen gesat. Beispiller fir Contenu, wou et ze schued gewiescht wier, en einfach ze läschen, sinn an eisem Schmunzeleck veréiwegt.

Am Fall wou et manner kloer ass, ob eng Säit geläscht soll ginn oder net, soll een de Contenu net läschen, mee just uewen an den Artikel d'Schabloun:Läschen setzen an de Grond fir d'Läschpropos uginn. Duerno kann op dëser Säit een neien Abschnitt ugeluecht ginn, wou iwwert d'Läsche vun deem Artikel ofgestëmmt ka ginn.

Ofgestëmmt gëtt ab dem Dag vun der Läschpropos eng Woch laang. Dofir kann een déi follgend Symboler benotzen, optional eng Begrënnung derbäischreiwen a mat --~~~~ ënnerschreiwen:

  • Pro, wann ee fir d'Läschen ass.
  • Kontra, wann ee géint d'Läschen ass.
  • Neutral, wann ee weder dofir nach dogéint ass, awer trotzdeem seng Meenung bäidroe wëll.

Ofstëmme kënnen all ugemellt Benotzer, déi scho virun der Läschpropos aktiv waren. Aktiv bedeit, datt een op d'mannst 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg oder 50 Ännerungen am Ganzen op Artikele vun der Lëtzebuergescher Wikipedia gemaach huet.

Kuckt Iech wgl. virum Proposéieren a virum Ofstëmmen d'Relevanzkrittären vun der Lëtzebuergescher Wikipedia un.

Archivéiert Diskussioune fannt Dir am Archiv 2008/2009 an am Archiv vun de Joren duerno.

  • Pro idem --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 19. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]
  • <?> Hei hu mer en eppes spezielle Fall: En Nach-net-Buergermeeschter: Wann haut fest steet (sou verstinn ech dat op d'mannst) dass de Buergermeeschterposten tëscht zwou Koalitiounsparteie gedeelt gëtt, an se sech eens sinn, wéini wien 'drun' ass, ass dat fir mech 'stabil' genuch, dass de Relevanzcritère 'Buergermeeschter' hei ugewandt géif. Ech verstinn awer och d'Argument, einfach emol ofzewaarden, bis dat souwäit ass (dh an zwee Joer). --Zinneke (Diskussioun) 06:30, 20. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]
Fir mech e valabelt Argument, wann déi zwee Joer wéi erwaart oflafen. Ech sinn am Prinzip géint d'Zukunftsmusek well mer schonn ze dacks hu misse Saachen ännere goen, mengen awer och datt mer hei nuancéiere kënnen. Wéi d'Läschschabloun an den Artikel gesat gouf, war (wéinsten am Wikiartikel) d'Informatioun, iwwer d'Buergermeeschterei net do. --Les Meloures (Diskussioun) 07:21, 20. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]

Guy Diederich

Fazit: gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 10:59, 7. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Nationalsozialismus

ass geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 19:39, 6. Jul. 2024 (UTC)[äntweren]
Perséinlech géif ech léiwer dës behalen an déi aner läschen (cf: Weechdéieren) --Les Meloures (Diskussioun) 10:05, 18. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Dat géif natierlech och goen!--Bdx (Diskussioun) 10:08, 18. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Ech bauen dat da mol ëm. --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 21. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Merci!--Bdx (Diskussioun) 13:00, 23. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
  • Deen Artikel hunn ech viru méi wéi 13 Joer zwar selwer geschriwwen, mee wann ech mir en elo ukucken, dann huet e guer keng Relevanz. Et war just eng Campagne, déi jiddweree scho laang vergiess huet, an déi och kee kulturellen Impakt hat. --Bdx (Diskussioun) 16:03, 25. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
  • Kontra Den Artikel weist eng op eng Campagne hin, déi séngerzäit fir Lëtzebuerg "Reklamm" gemaach huet. Firwat dat net als Zäitdokument an Erënnerung halen? D'Filmercher sinn och nach op YouTube ze gesinn. GilPe (Diskussioun) 08:53, 26. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Gouf op Ernierung geréckelt --Les Meloures (Diskussioun) 10:57, 7. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Super, merci.--Bdx (Diskussioun) 11:49, 7. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Misch Strotz

Kachkéis Kultur

Grond deen ugi gouf: : minimalistesch a keng Relevanz + Eegepromotioun.

Fazit: gouf geläscht.

Kategorie:Filmer vu koreanesche Regisseuren

Ech proposéieren dës Kategorie ze läschen. Grond: D'Kategorie gëtt aktuell net benotzt an ech gesinn net, fir wat se gutt soll sinn, well een no Nord- a Südkorea ënnerscheede sollt. --Volvox (Diskussioun) 23:51, 24. Dez. 2023 (UTC)[äntweren]

  • Aktiounen an deem Zezummenhank bis elo:
  1. Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:50DE:DBBC:AEF2:1433 mat der Begrënnung: Redirect deen op falsch Artikele verweist.
Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: net op der Säit 'Wikipedia:Läschen' begrënnt
  1. Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:50DE:DBBC:AEF2:1433 mat der Begrënnung: Dëse Redirect verweist op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn
Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: net op der Säit 'Wikipedia:Läschen' begrënnt
  1. Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:F998:E9C:62AF:C192 mat der Bemierkung: Dëse Redirect verweist op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn
Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: Vandalismus vun enger onbekannter IP déi d'Reegelen net respektéiert
  • Pro Sinn och der Meenung datt Redirecten net op falsch Artikele sollen hiweisen. --Puscas (Diskussioun) 09:36, 14. Mee 2024 (UTC)[äntweren]
  • Kontra D'Säit Longen huet op den Artikel Long virugeleet, deen d'Organ beschreift, wat meeschtens zweefach virläit an dofir gär an der Méizuel ugeschwat gëtt. Dohier verstinn ech net, awéiwäit de Redirect op „falsch Artikele verweist“ oder „op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn“. Et kéint een a mengen Aen héchstens argumentéieren, datt een am Prinzip kee Redirect vun der Méizuel aus mécht, mee hei kann ee mengetweegen eng Ausnam maachen, well – wéi uewe geschriwwen – meeschtens vun de Longen an der Méizuel rieds ass an ech mer denke kann, datt de potenzielle Lieser dohier och éischter „Longen“ antippt wéi „Long“. --Volvox (Diskussioun) 19:42, 14. Mee 2024 (UTC)[äntweren]
  • Kontra Wa "Longen" op "Long" verweist (well een dat Organ am Pluriel an am Sigulier lemmatiséiere kann, a "Long" méi geleefeg ass, dofir net deen anere Wee) hunn ech kee Probleem domat.--Zinneke (Diskussioun) 20:24, 14. Mee 2024 (UTC)[äntweren]

Ana Correia da Veiga

gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 18:08, 20. Okt. 2024 (UTC)[äntweren]

Kategorie:Gebastels

Gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 07:17, 18. Jun. 2024 (UTC)[äntweren]

Kategorie:Help

Dës Kategorie gëtt net méi gebraucht a kann dofir geläscht ginn. Robby (Diskussioun) 09:28, 22. Jun. 2024 (UTC)[äntweren]

Gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 18:05, 20. Okt. 2024 (UTC)[äntweren]

Ouermuschel

ass geschitt, war ee vun de sëllechen Invitatiounsartikele vum Kolleeg Geméishändler --Les Meloures (Diskussioun) 19:36, 6. Jul. 2024 (UTC)[äntweren]

Schabloun:Iwwerschaffen 2 a Schabloun:Iwwerschaffen 2/doc

gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 16:14, 21. Okt. 2024 (UTC)[äntweren]

RGTR-Linn 310

- gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 09:45, 26. Okt. 2024 (UTC)[äntweren]

List of ISO 639 language codes

  • Pro Dës Säit sollt idealerweis geläscht ginn, well ee jo scho gesäit, datt dës Säit net vun engem Benotzer ugeluecht gouf, dee Lëtzebuergesch kann.
gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 09:46, 26. Okt. 2024 (UTC)[äntweren]

cf. Läschpropos: "Format, Biographie, Palmarès, gewonnen Tournoien, Nimm vun hire Päerd etc.... Gesäit éischter no enger Publizitéit aus wéi no engem enzyklopedeschen Artikel. Am Netz ass ausser engem Interview näischt ze fannen."