Atlanteschen Ozean – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Atlanteschen Ozean

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Atlantik op der Weltkugel

Den Atlanteschen Ozean (kuerz: Atlantik) ass nom Pazifik dat zweetgréisst Weltmier.

Den Atlantik ass duerch d'Deelung vum zesummenhängenden Urkontinent entstanen an trennt Europa an Afrika vun Amerika. Mat sengen Niewemierer (Mëttelmier, Nordséi an Ostséi) huet den Ozean eng Fläch vun zirka 106,2 Mio. km² a bedeckt e Fënneftel vun der Äerduewerfläch. De Mieresbuedem ass duerch de Mëttelatlantesche Réck, dee bis zu 3000 m iwwer dem Buedem am déiwe Mier eropgeet, an eng West- an Ostatlantesch Muld getrennt. Déi maximal Déift gëtt mat 9.219 m am Milwaukeedéift, engem Dall vum Puerto-Rico-Gruef (Puerto Rico) erreecht. De Golfstroum, deen aus der Karibik kënnt a queesch iwwer den Atlantik bis no Grönland zitt, ass fir dat relativ mëllt Klima un den nordeuropäesche Küste verantwortlech.

Den Atlantik ass, wéinst dem intensive Schëffverkéier op den Niewemierer an dem Transitverkéier tëscht Europa an Nordamerika, dat Weltmier mam meeschte Verkéier.

Vu wou den Numm hierkënnt

[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm geet op déi griichesch Mythologie zeréck: Atlantis thalassa (Griichesch: Aτλαντiς θάλασσα; lu.: "Mier vum Atlas"), déi sech déi éischt Kéier beim Herodot fënnt (Hdt. I 202,4),[1] hunn d'Griichen d'Mier déi Säit vun de sougenannte Saile vum Herakles, d. h. westlech vun der Strooss vu Gibraltar, genannt.

Den duerchschnëttleche Salzgehalt vum Atlanteschen Ozean läit bei zirka 3,54 %, wärend en am Pazifik bei 3,45 % an am Indeschen Ozean bei 3,48 % läit.

  • Holger Afflerbach: Das entfesselte Meer. Die Geschichte des Atlantik. Malik-Verlag, München 2001, ISBN 3-492-23989-7.
Commons: Atlanteschen Ozean – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Herodot: Historien, gr.-dt., übers. v. Josef Feix, 2 Bde., München 2000. ISBN 3-7608-1539-1